Radioen

On air

Resonanzen  |  200 Joer Bruckner

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik aktuell

100komma7.lu / Klassik aktuell

/ Performance Brunch - Patati Patata

Performance Brunch - Patati Patata

headphones

10 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Ee Programm ronderëm d'Gromper - dee gëtt et den 13. a 15. August am Stued Theater zu Gréiwemaacher. A beim Performance Brunch gëtt et natierlech och Iesse mat engem véier Gang-Menü. Mat dobäi sin zwou Performancen mat Musek. Dat ass eemool den Duo Klemke&Bentz, an eemol de Laurentius Reiner.

D'Marie Schockmel huet sech mat der Regina Picker, der Laetitia Lang, der Alexandra Bentz an dem Laurentius Reiner iwwer de Performance Brunch ënnerhalen.

Musek

Episoden

"D'Museker si wansinneg frou, nees dierfen ze spillen"

"D'Museker si wansinneg frou, nees dierfen ze spillen"

E Gespréich mam Guy Goethals vum Kammerorchester Estro Armonico iwwer déi nei Saison an hir Defien.

D'Solistes Européens mat de Beethoven-Symphonien

E Coffret vu fënnef CDen mat der Intégrale ënnert der Direktioun vum Christoph König bei Rubicon

Point d'orgue no 35 Joer

De Cornist Kerry Turner seet dem Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg Äddi.

Contrastes

Concert mam Perkussionist Luc Hemmer am Escher Conservatoire (17.10.2020)

Farewell no 35 Joer

De Kerry Turner, Cornist am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, geet an d'Pensioun.

Dem Beethoven seng Schüler

Concert, den 18. Oktober 2020 an der Dekanatskierch zu Käerch

Concert-surprise

D'Solistes Européens, Luxembourg an de Pianist Lucas Debargue den Owend (12.10.2020) an der Philharmonie

Vum Pädagog zum Weltstar

Den 12. Oktober 1935 gouf de Luciano Pavarotti zu Modena gebuer.

Viva España

Beim éischte Familljeconcert vun dëser Saison invitéieren den OPL an de Moderator Klaus Brettschneider op eng musikalesch Rees a Spuenien.

Champion vun der Opéra-comique

Den 8. Oktober 1834 stierft de franséischen Operekomponist François-Adrien Boieldieu am Alter vun nëmmen 58 Joer.

Rising Stars

De Podium fir jonk Talenter an der Philharmonie
Papp vun der protestantescher Sakralmusek

Papp vun der protestantescher Sakralmusek

Viru 435 Joer kënnt den Heinrich Schütz zu Köstritz op d'Welt.

Eng musikalesch Institutioun

De 7. Oktober 1932 spillt de London Philharmonic Orchestra säin éischte Concert.

Beethoven, Pärt a Strauss

Den Haoxing Liang (Gei) an de Gary Muller am Schlass zu Buerglënster (11.10.2020 um 17.00 Auer)

Organist-Komponist

Virun 150 Joer (8.10.1870) kënnt de Louis Vierne zu Poitiers op d'Welt.

D'Mandolinn am Barock an am Jazz

Concert vum Caterina Lichtenberg a Mike Marshall am Escher Conservatoire (10.10.2020)

Uergel an Trompett

En Optrëtt vum Organist Jean-Baptiste Robin zesumme mam Trompettist David Guerrier beim internationalen Uergelfestival zu Diddeleng.

Déi ganz Bandbreet vu musikalescher Kreatioun

Concert am Kader vum European Contemporary Composers Orchestra (6.10.2020)

Gilles Leyers Laureat bei internationalem Uergelconcours

De Lëtzebuerger Organist huet beim 8. internationalen Uergelconcours "Pierre de Manchicourt" an zwou Finallen den zweete Präis gewonnen.
Lucilin geet a seng nei Saison

Lucilin geet a seng nei Saison

E Gespréich mam Direkter a Perkussionist Guy Frisch iwwer déi nei Saison an d'Implicatioune vun der Corona-Pandemie.
headphones

8 min

play_arrow