Klassik aktuell
Contrastes
Si heeschen Evelyn Glennie, Martin Grubinger oder, méi rezent, Christoph Sietzen an hunn an deene leschte Joerzéngte d'Perkussioun vun hanner dem Orchester no vir bruecht. Och zu Lëtzebuerg ginn et Perkussionisten, déi net just als Enseignant oder Museker am Orchester optrieden, nee och als Solist - wéi de Luc Hemmer. Ënner dem Titel "Contrastes" probéiert de jonke Museker en nächste Samschdeg am Escher Conservatoire (17.10.2020 um 20 Auer), all d'Facettte vun senger Instrumentefamill ze weisen. De Manuel Ribeiro huet mat him geschwat.