arrow_back_ios

De klenge Gaardewichtelchen

100komma7.lu / De klenge Gaardewichtelchen

/ Geméis a Mëschkultur am Minigaart

Geméis a Mëschkultur am Minigaart

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

3 min

Mëschkultur ass näischt anescht wéi verschidde Geméis beieneen ze planzen, dat sech ergänzt.


Fir et net komplizéiert ze maachen, kënnt Dir op engem Metercarré ufänke mat Äerdbieren, Bratzelen a Knuewelek oder Gromperen mat Kolrawen a Peffermënz. Esou kann ee "Starkzehrer", also Planzen, déi besonnesch vill Närstoffer aus dem Boden zéien, mat "Schwachzehrer" kombinéieren, well keen deem aneren d'Närstoffer ewech hëlt. An et kann ee Planzen, déi breet ausernee wuessen, mat schmuel wuessende Planze kombinéieren, well keen deem aneren Plaz ewech hëlt.



Episoden