RadiOdyssee
D'Erzielkonscht an d'[Zwerg Fäll]
57 min
Wat verbënnt Gnomen, Wiichtelcher, Heinzelmännercher, Elfen, Lutinen, Korriganen ...? Wéinst hirer klenger Gréisst passen déi do, an nach vill anerer, all mateneen an d'Kategorie Zwerg-Fäll. Mee, wou koume si eigentlech hier? Si si vum Himmel gefall?
Dozou d'Erzielkënschtlerin Luisa Bevilacqua:
"Eng vun de méiglechen Originne vun den Zwerge gëtt zeréckgeféiert op de Konflikt tëschent Lucifer a Gott, wou d'Zwergen eigentlech Engele waren, déi sech do net agemëscht hunn, déi neutral waren, an déi duerno op d'Äerd gejummt goufen."
Do vergeet engem natierlech d'Loscht op Neutralitéit.
Méi dozou an eiser Erzielkonschtemissioun. Zwerge-Fäll ... vläicht och eppes fir Äert Zwerchfell!
Episoden
#Hit the road
Mir testen den Effet vum Reesen op d'Erzielkonscht. Stréckt Iech un a sidd dobäi!
#Hit the road
Mir testen den Effet vum Reesen op d'Erzielkonscht. Stréckt Iech un a sidd dobäi!

FEST
Et war e FEST, an zwar Mëtt Juni, an der aktueller ungarescher Kulturhaaptstad Veszprém. FEST ass d'Ofkierzung fir Federation for European Storytelling.
