Sot emol
Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller
58 min

"Zwei Seelen wohnen, ach! in meiner Brust", d'Zitat aus dem Goethe sengem "Faust" passt gutt op den Timo Wagner. A senger Kandheet a Jugend gouf et fir hien nëmme Sport. Plaz fir aner Interesse gouf et net vill. Dëschtennis huet schonn als Kand dem Timo Wagner säi Liewen dominéiert. Hien huet seng Studien am Sportlycée gemaach, wat eng absolut schéin Zäit fir hie war. An deem Mooss, datt hien esouguer op Liichtathletik ëmgeklommen ass, fir weider am Sportlycée ze bleiwen. Et koum awer en Ament, wou den Timo Wagner d'Decisioun huet missen huelen, ob hie professionell Sport wéilt weidermaachen. Oder ob hien en Dram, deen hie Joren a Joren a sech dran hat, sollt realiséieren.
Den Schauspiller a fréiere Leeschtungssportler ass Invité beim Jean Claude Majerus.
episoden

Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist
Dee franséische Fotograf an engagéierte Klimaaktivist ass Invité.

Yvette Gastauer-Claire: "Ech wollt Schräiner ginn"
D'Artistin ass d'Inivtée beim Jean Claude Majerus bei "Sot emol"

Christiane Kremer: "D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten"
No iwwer 35 Joer Presenz op den RTL-Antennen ass d'Christiane Kremer an d'Pensioun gaangen, ouni awer manner aktiv ze sinn. E Gespréich iwwer e räicht Radiosliewen
