Aktuelles
Moderniséiert Lëtzebuerger Verfassung gëllt vu muer un
4 min
Déi moderniséiert Verfassung vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg trëtt muer um 1. Juli a Kraaft. Déi 12 Kapitelen an 132 Artikele beschreiwen déi politesch Form vum Staat, d'Roll vun den Institutiounen, d'Funktioun vum Staatschef an ë. a. d'Grondrechter an d'Fräiheete vun de Bierger.
Et ass keng ganz nei Verfassung, mee e staark iwwerschaffte Grondgesetz. Dem Rechtsprofesser op der Uni Lëtzebuerg Dr. Jörg Gerkrath no, wier den Text, dee vu muer u gëllt, "ganz modern".
Detailer vum Serge Kesseler