Sot emol
Steve Karier: "Ech hat kee Plang B"
56 min

De Monodrama ass eng ganz speziell Form vun der Bünekonscht, déi fir deen op der Bün an och fir deen, deen nokuckt, respektiv nolauschtert, ganz vill Perspektive bitt. De Monodrama huet scho ganz laang eng Plattform zu Lëtzebuerg, déi sech an den ewell schonn 13 Editiounen entwéckelt huet, an déi lescht Editioun vum Fundamental Monodrama Festival goung viru Kuerzem op en Enn.
Mam Fundamental Festival gouf net nëmmen eng Nisch hei zu Lëtzebuerg gefëllt, mee och an der Groussregioun oder vläicht nach méi wäit ass de Monodrama Festival schonn eenzegaarteg. D'Originne vum Fundamental Monodrama Festival ginn op ee Mënsch zeréck, den Acteur Steve Karier.
An de Steve Karier ass Invité beim Jean Claude Majerus. Dir gitt och gewuer, wéi den Steve Karier iwwerhaapt bei de Schauspillerberuff koum, a wien de Saz "E wär net komplett sënnlos!" zu him gesot huet.
episoden

Rom Helbach: Mam Vëlo a Fotoapparat
E Cyclist, dee fotograféiert oder e Fotograf, dee Vëlo fiert, ass bestëmmt net falsch, wann et ëm den Invité hei geet.
Thierry Faber: "Capitani huet mäi Liewen komplett verännert"
De Createur, (Co-)Zeenarist a Showrunner - Kapp a Papp vu "Capitani" ass am Studio.
Jean-Guillaume Weis: De Kierper am Déngscht vun der Expressioun
Den Dänzer a Choreograf erzielt iwwer säi Liewen als Dänzer.
Andy Genen: "Een Zeechner ass een Handwierker"
De professionellen Zeechner, deen ënner dem Label ND publizéiert, war Invité am Mee 2022.

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"
De Lëtzebuerger Comedian, Model an Acteur ass Invité.

Anne Schroeder: "Als Fra solidaresch sinn"
Si ass Realisatrice a Produzentin. Documentairë sinn hiren Dada, a si vermëscht Temoignagë mat Archivbiller.
Jan Østergaard - E Liewe fir de Vëlo
Dee fréiere professionelle Cyclist an der Disziplin Stroossevëlo, um Mountainbike oder am Cyclocross huet grad d'Pensioun geholl. Hie kuckt zeréck op seng Karriär.
Léa Linster: "Aus deem Einfachsten dat Bescht maachen"
D'Stären- a Spëtze-Kächin ass Invitée.

Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill
Déi jonk Lëtzebuerger Actrice, bekannt aus der éischter Staffel vum Lëtzebuerger Krimi "Capitani", ass d'Invitée.

Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"
D'Pianistin a Museksenseignante vu Bernkastel ass Invitée.

Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"
De jonke Lëtzebuerger professionellen Acteur ass den Invité.

Jérôme Konen: Mat 27 Joer gouf hien Direkter
Zanter 2015 ass den Invité schonn Direkter vum Centre Culturel Kinneksbond zu Mamer, deem regionale Kulturzenter .

Guy Engels: Et war eng schéin Zäit
De Guy Engels geet no 18 Joer als Responsabelen vun der klassescher Museksredaktioun vum radio 100,7 an d'Pensioun.

Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller
"Zwei Seelen wohnen, ach! in meiner Brust", d'Zitat aus dem Goethe sengem "Faust" passt gutt op den Invité.

Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist
Dee franséische Fotograf an engagéierte Klimaaktivist ass Invité.

Yvette Gastauer-Claire: "Ech wollt Schräiner ginn"
D'Artistin ass d'Inivtée beim Jean Claude Majerus bei "Sot emol"

Christiane Kremer: "D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten"
No iwwer 35 Joer Presenz op den RTL-Antennen ass d'Christiane Kremer an d'Pensioun gaangen, ouni awer manner aktiv ze sinn. E Gespréich iwwer e räicht Radiosliewen
