Sot emol
Rom Helbach: Mam Vëlo a Fotoapparat
72 min

"Letz Walk Run and Bike", "Letz Bike" an elo "Bike and Rail", dräi Bicher mat Passioun an hannendrun stécht een Numm, an zwar de Rom Helbach. E Cyclist, dee fotograféiert, oder e Fotograf, dee Vëlo fiert, där Fro geet d'Emissioun op de Grond.
"Bike and Rail" koum am Mäerz 2023 eraus an am Fong ass et d'Suite vun deenen anere Bicher. Et ass e Buch, wou ee Vëlo oder Vëlofueren nees vun enger anerer Säit kenneléiert, an zwar vu Gare zu Gare.
De Rom Helbach ass Invité beim Jean Claude Majerus.
episoden
Thierry Faber: "Capitani huet mäi Liewen komplett verännert"
De Createur, (Co-)Zeenarist a Showrunner - Kapp a Papp vu "Capitani" ass am Studio.
Jean-Guillaume Weis: De Kierper am Déngscht vun der Expressioun
Den Dänzer a Choreograf erzielt iwwer säi Liewen als Dänzer.
Andy Genen: "Een Zeechner ass een Handwierker"
De professionellen Zeechner, deen ënner dem Label ND publizéiert, war Invité am Mee 2022.

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"
De Lëtzebuerger Comedian, Model an Acteur ass Invité.

Anne Schroeder: "Als Fra solidaresch sinn"
Si ass Realisatrice a Produzentin. Documentairë sinn hiren Dada, a si vermëscht Temoignagë mat Archivbiller.
Jan Østergaard - E Liewe fir de Vëlo
Dee fréiere professionelle Cyclist an der Disziplin Stroossevëlo, um Mountainbike oder am Cyclocross huet grad d'Pensioun geholl. Hie kuckt zeréck op seng Karriär.
Léa Linster: "Aus deem Einfachsten dat Bescht maachen"
D'Stären- a Spëtze-Kächin ass Invitée.

Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill
Déi jonk Lëtzebuerger Actrice, bekannt aus der éischter Staffel vum Lëtzebuerger Krimi "Capitani", ass d'Invitée.

Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"
D'Pianistin a Museksenseignante vu Bernkastel ass Invitée.

Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"
De jonke Lëtzebuerger professionellen Acteur ass den Invité.

Jérôme Konen: Mat 27 Joer gouf hien Direkter
Zanter 2015 ass den Invité schonn Direkter vum Centre Culturel Kinneksbond zu Mamer, deem regionale Kulturzenter .

Guy Engels: Et war eng schéin Zäit
De Guy Engels geet no 18 Joer als Responsabelen vun der klassescher Museksredaktioun vum radio 100,7 an d'Pensioun.

Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller
"Zwei Seelen wohnen, ach! in meiner Brust", d'Zitat aus dem Goethe sengem "Faust" passt gutt op den Invité.

Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist
Dee franséische Fotograf an engagéierte Klimaaktivist ass Invité.

Yvette Gastauer-Claire: "Ech wollt Schräiner ginn"
D'Artistin ass d'Inivtée beim Jean Claude Majerus bei "Sot emol"
