Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Am Buedmantel  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Kultur um 5

100komma7.lu / Kultur um 5

/ Kultur um 5

Kultur um 5

Gëschter war et d'Nouvelle, datt déi Lëtzebuerger Kënschtlerin Lisa Kohl dëst Joer de Robert-Schuman-Konschtpräis kritt, eng Auszeechnung, déi all zwee Joer vun de Quattropole-Stied Lëtzebuerg, Metz, Saarbrécken an Tréier vergi gëtt. D'Kënschtlerin ass bei eis am Studio a mir wäerte mat hir iwwert dës Auszeechnung schwätzen.

Dernieft kucke mir op déi rezent Autobiographie vun der Musekerin Lucinda Williams a wat déi nächst Deeg an den Theateren hei am Land um Programm steet.

Episoden

Theemen am Kultur um 5

Kultur um 5

Theemen haut: Den Debutroman vun der Faby Schintgen, d'Expo "Turn On!" an de Rotonden an e Concert de Samschdeg, bei deem Elektronik op Jazz trëfft

Kultur um 5

Theemen haut: D'Wuert vun der Woch, d'Biennale zu Venedeg an eng Ried zu der Literatur

Kultur um 5

Theemen haut: Déi nei Filmer am Kino an d'Lëtzebuerger Molerei am 18. Joerhonnert

Kultur um 5

Theemen haut: Eng Buchkritik, de Bléck op de kulturellen Agenda an eng Kritik zum Theaterstéck "Beethovens Geist"

Kultur um 5

Nei EP vu Ryvage, de Reset Festival an de Eurosonic vu Groningen

Kultur um 5

Theemen haut: Déi nei Filmer am Kino, d'Theaterstéck "Courteline.Saynètes" an de Büne-Jubiläum vum Lata Gouveia

Kultur um 5

Theemen haut: De kulturellen Agenda an déi fënneft Editioun vum A CAPE'lla Festival

Kultur um 5

Theemen haut: Digital Kommunikatioun bei Jugendlechen a Live-Musek an eiser Aircheck Session

Kultur um 5

Theemen haut: D'Final-Songs fir den ESC, eng Postkaart aus dem Himalaya an zwou Ausstellungen

Kultur um 5

D'Wuert vun der Woch, "im halblichten geäst deines atems" vun der Ulrike Bail, "Free Now" vun der Naomi Ayé, 20. Anniversaire am Mierscher Kulturhaus

Kultur um 5

Theemen haut: Déi nei Filmer am Kino an e Concert vun der Charlotte Bridge am Mamer Kinneksbond

Kultur um 5

Theemen haut: D'News aus der Welt vun der Kultur, de Bléck op d'Golden Globes a Grammys an de Bléck zeréck op de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kanner a Jugendliteratur

Kultur um 5

Theemen haut: D'Editrice Claudine Furlano, en Documentaire iwwert de John Lennon an eng weider Dier am Foto-Adventskalenner

Escher Meedchen an Escher Bouf

Am Escher Theater gëtt der Mandy Thiery hiert Stéck "Escher Bouf" gewisen, grad esou wéi d'Reprise vum "Escher Meedchen"

Kultur um 5

Kultur um 5

Theemen haut: Déi nei Filmer am Kino, dem Raoul Biltgen säi neit Buch an e Concert den Owend and e Rotonden

Kultur um 5

Theemen haut: De Bléck op de kulturellen Agenda, e Chrëschtconcert an der Philharmonie an eng weider Dierchen am Foto-Adventskalenner

Kultur um 5

Theemen haut: E Foto-Adventskalenner, “The Collective Laboratory” am Mudam an de Concert vu Sextile, de Sonndeg an de Rotonden
live

Live