Kultur um 5
Kultur um 5
55 min
Wat ass dës Woch an den Theater an an de Kulturhaiser uechtert Land lass? Dat kuck mer eis haut am Kultur um 5 un, d'Valerija Berdi huet nämlech nees den Iwwerbléck mat derbäi.
Dann huele mer iech mat an d'Philharmonie, do spillen nämlech den Owend d’Solistes Européens Luxembourg e Chrëschtconcert an der Philharmonie. Ënnert dem Motto “Christmas Fireworks” spillen si zesumme mam lëtzebuergesche Cellist Benjamin Kruithof.
Dann gëtt et weider Duer an eisem Foto-Adventskalenner opgemaach. Et geet ëm de Christian Aschman, deen dat ganzt Joer iwwer Fotoe vum Kierchbierg gemaach huet, Momentopname vun engem Quartier, deen sech dauernd verännert. Zesumme mam Fotograf kuckt de Joé Birchen op eng vun dëse Fotoen zeréck.
Am zweete Band vun de Choreographical Talks déi vum Lëtzebuerger Literaturarchiv editéiert ginn, gëtt d’Simone Mousset en Abléck an hiren Alldag als Choreographin. Si weist, wat de kreative Prozess engem ganzen Ensembel ofverlaangt, éier eng Danz-Kompositioun virum Publikum kann opgefouert ginn. De Léon Rinaldetti stellt eis dës Wierk fir.
Presentéiert vum
- Pit Walté