Moldawien, dat klengt Land tëscht Rumänien an der Ukrain, wëll Member vun der Europäescher Unioun ginn. Ee Problem an deem Prozess kéint d'Regioun direkt op der Grenz mat der Ukrain, ëstlech vum Floss Dnister duerstellen.
Transnistrien, wat sech selwer Pridnestrowien nennt, gëtt just vu Russland als autonom Regioun unerkannt. D'Republik ass an de 1990er Joren nom Zerfall vun der Sowjet-Unioun entstanen. No deem militäresche Konflikt huet Russland Zaldoten an där Regioun stationéiert a se bis elo net ofgezunn.