Sot emol
Jean-Guillaume Weis: De Kierper am Déngscht vun der Expressioun
56 min
Fréier stoung hie selwer als Dänzer op internationale Bünen, haut ass et dem Jean-Guillaume Weis wichteg anerer fir seng Passioun, dem Danz ze begeeschteren.
De Jean-Guillaume hat d'Talent an d'Chance mat international unerkannten Nimm ze danzen; hien huet mam Pina Bausch Tanztheater, der Mark Morris Dance Group oder dem Tanztheater Basel geschafft.
Wärend senger Karriär huet hien u ville Kreatiounen, Repertoirestécker mat ville Choreographen, Komponisten, Museker, Dänzer, Schauspiller, Regisseuren an aner Kënschtler op der Welt participéiert.
Zënter 1998 danzt hien haaptsächlech a sengem eegene Wierk a schafft als Choreographe fir seng Trupp. Hien huet Stécker choreographéiert déi an der Belsch, Däitschland, Frankräich, Polen, oder den USA opgefouert gi sinn. An huet souguer eng Danzschoul opgemaach.
Bei Sot Emol schwätzt hien mam Natasha iwwer seng Passioun fir den Danz, wéini a wéi se entstanen ass.
Mat wéi vill Schweess an Training hien et fäerdeg bruecht huet, op internationale Bünen ze danzen, wéi hie Choreograph ginn ass, a wat hien haut motivéiert. Hie geet awer och op d'Virurteeler an, déi hien als Kand erlieft huet, als Jong wëllen eng Karriär am Danz anzegoen.
episoden
Andy Genen: "Een Zeechner ass een Handwierker"
De professionellen Zeechner, deen ënner dem Label ND publizéiert, war Invité am Mee 2022.

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"
De Lëtzebuerger Comedian, Model an Acteur ass Invité.

Anne Schroeder: "Als Fra solidaresch sinn"
Si ass Realisatrice a Produzentin. Documentairë sinn hiren Dada, a si vermëscht Temoignagë mat Archivbiller.
Jan Østergaard - E Liewe fir de Vëlo
Dee fréiere professionelle Cyclist an der Disziplin Stroossevëlo, um Mountainbike oder am Cyclocross huet grad d'Pensioun geholl. Hie kuckt zeréck op seng Karriär.
Léa Linster: "Aus deem Einfachsten dat Bescht maachen"
D'Stären- a Spëtze-Kächin ass Invitée.

Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill
Déi jonk Lëtzebuerger Actrice, bekannt aus der éischter Staffel vum Lëtzebuerger Krimi "Capitani", ass d'Invitée.

Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"
D'Pianistin a Museksenseignante vu Bernkastel ass Invitée.

Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"
De jonke Lëtzebuerger professionellen Acteur ass den Invité.

Jérôme Konen: Mat 27 Joer gouf hien Direkter
Zanter 2015 ass den Invité schonn Direkter vum Centre Culturel Kinneksbond zu Mamer, deem regionale Kulturzenter .

Guy Engels: Et war eng schéin Zäit
De Guy Engels geet no 18 Joer als Responsabelen vun der klassescher Museksredaktioun vum radio 100,7 an d'Pensioun.

Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller
"Zwei Seelen wohnen, ach! in meiner Brust", d'Zitat aus dem Goethe sengem "Faust" passt gutt op den Invité.

Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist
Dee franséische Fotograf an engagéierte Klimaaktivist ass Invité.

Yvette Gastauer-Claire: "Ech wollt Schräiner ginn"
D'Artistin ass d'Inivtée beim Jean Claude Majerus bei "Sot emol"
