A Portugal huet d'Regierung decidéiert, d'Fëmme méi staark ze reglementéieren. Si huet e Projet de loi mam Numm "Generatioun ouni Tubak" op den Dësch geluecht, deemno et ënner anerem viru Schoulen, Klinicken awer och Restauranten a Caféen net méi erlaabt wier, eng Zigarett unzefänken. Am Viséier vum neie Gesetz stinn och elektronesch Zigaretten.
D'Gesetz muss nach vun den Deputéiert gestëmmt ginn. D'Marie-Darcy iwwer d'Diskussiounen, déi amgaang sinn.