arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Andy Genen: "Een Zeechner ass een Handwierker"

Andy Genen: "Een Zeechner ass een Handwierker"

headphones

56 min

Den Illustrateur huet um Superjhemp matgeschafft, "De roude Puma" oder "De leschte Ritter" gezeechent, och Illustratioune fir ëffentlech Campagnë realiséiert an ass parallel dozou Kollaboratioune mam Museker John Rech agaangen.

No senger Première wollt den Andy Genen studéiere goen. Den Dram vun der Joe Kubert School of Cartoon and Graphic Art, enger vun de renomméiertste Schoule fir Comiczeechner, huet sech net erfëllt, dofir gouf hien um Institut Saint-Luc zu Bréissel zum Comiczeechner ausgebilt.

No sengen Etüden zu Bréissel huet den Andy Genen séier Fouss an der Welt vun der Lëtzebuerger BD gefaasst. Dat well hie sech en Häerz geholl hat a Roger Leiner a Lucien Czuga e Fan-Art vum Superjhemp geschéckt hat. Déi zwee Pappe vum erfollegräichste Lëtzebuergesche Comic vun allem Zäite waren esou begeeschtert, datt den Andy Genen dunn eng Säit am Superjhemp-Album "De Fluch vun der 23" huet dierfen zeechnen.

De Lucien Czuga huet den Andy Genen dunn als Zeechner fir seng BD-Serie "De leschte Ritter" agestallt. Den éischte Band koum 2005 eraus a virdru an der Revue als Serien-Comic. Déi dräi Bänn vun dëser Fantasie-BD erzielen eng koherent Geschicht, an där de Johannes de Blannen, no der Schluecht vu Crecy, op eemol am 21. Joerhonnert zu Lëtzebuerg optrieden a mat Hëllef vum Haaptpersonnage Pedro senge Frënn an enger geheimer Gesellschaft vun den Tempelritter musse probéieren, d'Enn vun der Welt verhënneren.

Eng zweet wichteg Renconter am Andy Genen senge Liewen war déi mam Museker John Rech. D'Resultat dovunner: eng Serie vun Albume mat Musek vun Dream Catcher a Comics vum Happy Ant, déi d'Lidder encadréieren. Déi zwee Kënschtler hunn och e Buch erausbruecht: "Gefaangen an der Diddelenger Geschicht", dat iwweregens 2012 de Lëtzebuerger Buchpräis krut an der Kategorie Kanner- a Jugendliteratur.

Aktuell ass d'Parutioun vun der BD a Kollaboratioun mat Texter vum Lucien Czuga: "De Ris geet op d'Rees". D'Geschicht vum beschtbekannte Ris vu Lëtzebuerg, deen zanter 1955 am Parc Merveilleux läit an op mysteriéis Manéier wakereg gëtt fir sech op d'Rees uechtert Gemeng Beetebuerg ze maachen.

Den Andy Genen bezeechent säi passionante Beruff als een Handwierk. Comic-Zeechner ze ginn ass senger Meenung no e laange Prozess, an deem eng fundéiert Ausbildung hëllefe ka fir zu sech an zu sengem Stil ze fannen.

D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.

Kultur
Politik a Gesellschaft

episoden

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

De Lëtzebuerger Comedian, Model an Acteur ass Invité.
headphones

51 min

Anne Schroeder: "Als Fra solidaresch sinn"

Anne Schroeder: "Als Fra solidaresch sinn"

Si ass Realisatrice a Produzentin. Documentairë sinn hiren Dada, a si vermëscht Temoignagë mat Archivbiller.
headphones

56 min

Jan Østergaard - E Liewe fir de Vëlo

Dee fréiere professionelle Cyclist an der Disziplin Stroossevëlo, um Mountainbike oder am Cyclocross huet grad d'Pensioun geholl. Hie kuckt zeréck op seng Karriär.
headphones

55 min

Léa Linster: "Aus deem Einfachsten dat Bescht maachen"

D'Stären- a Spëtze-Kächin ass Invitée.
headphones

56 min

Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill

Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill

Déi jonk Lëtzebuerger Actrice, bekannt aus der éischter Staffel vum Lëtzebuerger Krimi "Capitani", ass d'Invitée.
headphones

68 min

Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"

Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"

D'Pianistin a Museksenseignante vu Bernkastel ass Invitée.
headphones

56 min

Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"

Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"

De jonke Lëtzebuerger professionellen Acteur ass den Invité.
headphones

65 min

Jérôme Konen: Mat 27 Joer gouf hien Direkter

Jérôme Konen: Mat 27 Joer gouf hien Direkter

Zanter 2015 ass den Invité schonn Direkter vum Centre Culturel Kinneksbond zu Mamer, deem regionale Kulturzenter .
headphones

65 min

Guy Engels: Et war eng schéin Zäit

Guy Engels: Et war eng schéin Zäit

De Guy Engels geet no 18 Joer als Responsabelen vun der klassescher Museksredaktioun vum radio 100,7 an d'Pensioun.
headphones

68 min

Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller

Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller

"Zwei Seelen wohnen, ach! in meiner Brust", d'Zitat aus dem Goethe sengem "Faust" passt gutt op den Invité.
headphones

58 min

Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist

Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist

Dee franséische Fotograf an engagéierte Klimaaktivist ass Invité.
headphones

56 min

Yvette Gastauer-Claire: "Ech wollt Schräiner ginn"

Yvette Gastauer-Claire: "Ech wollt Schräiner ginn"

D'Artistin ass d'Inivtée beim Jean Claude Majerus bei "Sot emol"
headphones

72 min

Christiane Kremer: "D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten"

Christiane Kremer: "D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten"

No iwwer 35 Joer Presenz op den RTL-Antennen ass d'Christiane Kremer an d'Pensioun gaangen, ouni awer manner aktiv ze sinn. E Gespréich iwwer e räicht Radiosliewen
headphones

57 min