Dauer: 2 Minutten
Mir brauchen:
1 Banann (am beschte mëll)
Eng Handvoll Hieselnëss
1 Kaffisläffel Vanill Extrakt
1 Zoppeläffel Äerdnossbotter
1 Zoppeläffel Schockelas-Pudder (ouni Zocker)
Vegan Mëllech
Optional: e puer Äisstécker
Zoubereedung:
Alles an ee Mixer ginn an esou laang mixen, bis alles eng flësseg Mass gëtt.