Bewosst Gesond
SICONA: De Projet Natur genéissen an de Maisons-relaisen
5 min
D'Aart a Weis vun der landwirtschaftlecher Notzung huet een direkten Afloss op den Erhalt vun der Biodiversitéit vun den Déiere wéi och vun de Planzen. Naturschutz a Landwirtschaft sinn onzertrennlech fir esou wichteg Liewensraim ze erhalen an ze schützen. De Projet Natur genéissen zeechent regional Produzenten aus, déi naturno an eng Naturschutz-Landwirtschaft bedreiwen a fërdert hier Produiten an de lokale Kantinne vu Crèchen a Maison-relaisen. Sou ginn de Kanner vu klengem un gesond, regional a nohalteg Liewensmëttel ugebuede wat e positiven Afloss op hier Entwécklung an hirer Iesskultur huet. Detailer mat der Estheticienne Simone Dégardin.