Magasinn
Jan Østergaard - e Liewe fir de Vëlo
3 min
Invité an der Emissioun Sot Emol war de Sonndeg e fréiere Vëlos-Profi. E Mann, deen iwwer zéng Joer laang an dräi Disziplinne gefuer ass. Mam Stroossevëlo, um Mountainbike an am Cyclocross ass hie reegelméisseg Course gefuer.
An Dänemark huet fir hien alles ugefaangen, bei engem Bouf, deem seng Eltere wollten, datt hie sollt Fussball spillen.
Haut ass de Jan Østergaard pensionéiert. Hien huet dem Natasha Ehrmann verroden, wat seng manner schéinsten a seng schéinsten Erënnerung aus senger Karriär bleift.