Am Europaparlament suergt d'Annonce vu weidere Sanktioune géint déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Monica Semedo fir Diskussiounen.
Een Dag nodeems d'Presidentin vum Parlament bekannt ginn hat, datt d'Lëtzebuerger Europadeputéiert eng Geldstrof misst bezuelen, well si ee Mataarbechter net korrekt behandelt huet, war gëscht de Premier Xavier Bettel bei der Roberta Metsola op Besuch.