Zu Bréissel ass de President vum Conseil européen, de Charles Michel, wéinst sengen héijen Depensë fir Reesen an d'Kritik geroden. Verschiddene Medien-Artikelen no hu sech déi Depensen am Verglach zu senge Virgänger bal vervéierfacht. Speziell de Fait, datt de fréiere belsche Premier eng ganz Partie Reese mam Privat-Jet ënnerhëlt, kënnt net gutt un.
Am Europaparlament gëtt elo eng onofhängeg Enquête gefuerdert. Detailer dozou vu Stroossbuerg vum Danièle Weber