arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Léa Linster: "Aus deem Einfachsten dat Bescht maachen"

Léa Linster: "Aus deem Einfachsten dat Bescht maachen"

headphones

56 min

D'Léa Linster ass an der Gastronomie grouss ginn. An engem Café, Restaurant, Hotel mat enger Keelebunn an enger Bensinnsstatioun, ëmgi vu Mënschen an an der Haaptsaach vun hirer Famill. No hirer Première ass si Droit studéiere gaangen, mee 1982 ass hire Papp gestuerwen. Een déiwen Aschnëtt an hirem Liewen, deen eppes Neies wuesse gedoen huet. Si koum nees zeréck op Lëtzebuerg an huet sech ëm de Familljebetrib gekëmmert.

Eng Obligatioun, déi zu enger Passioun gewuess ass an deen éischte Fonke war fir eng Karriär an der Gastronomie unzegoen. 1987 krut si hiren éischte Guide Michelin Stär, zwee Joer duerno huet si, als bis ewell eenzeg Fra, de prestigiéisen Bocuse d'Or gewonnen. Mat vill Determinatioun an haarder Aarbecht huet si sech de Wee zu de Stären opgemaach. Donieft hunn hir Waarmhäerzegegkeet an hire Virwëtz, gekoppelt mat engem grousse Laachen an enger awer heiansdo spatzer Zong hir erlaabt, déi ganz Grouss aus der Gastronomie ze begéinen: Frédy Girardet, Joël Robuchon, Paul Bocuse, d'Famill Troisgros, elauter Mënschen, déi hir Kiche méi räich gemaach an hir Léift fir d'Kache verstäerkt hunn.

Dacks gesäit een d'Stärekächin op der däitscher Tëlee, si schreift fir verschidden Zeitungen an dierf sech och an de Kach-Jurye Plaz huelen. D'Léa Linster ass eng Fra, déi sech an engem Männerdomaine duerchsetze konnt, konstant op héijem Niveau kacht a schafft.

2021 gouf si zu Berlin fir hiert Liewenswierk ausgezeechent, vum Genoss Festival Eat!Berlin, dee säi Choix esou begrënnt huet, datt d'Léa Linster e Virbild fir jonk Fraen am Beruff ass.

Politik a Gesellschaft

episoden

Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill

Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill

Déi jonk Lëtzebuerger Actrice, bekannt aus der éischter Staffel vum Lëtzebuerger Krimi "Capitani", ass d'Invitée.
headphones

68 min

Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"

Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"

D'Pianistin a Museksenseignante vu Bernkastel ass Invitée.
headphones

56 min

Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"

Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"

De jonke Lëtzebuerger professionellen Acteur ass den Invité.
headphones

65 min

Jérôme Konen: Mat 27 Joer gouf hien Direkter

Jérôme Konen: Mat 27 Joer gouf hien Direkter

Zanter 2015 ass den Invité schonn Direkter vum Centre Culturel Kinneksbond zu Mamer, deem regionale Kulturzenter .
headphones

65 min

Guy Engels: Et war eng schéin Zäit

Guy Engels: Et war eng schéin Zäit

De Guy Engels geet no 18 Joer als Responsabelen vun der klassescher Museksredaktioun vum radio 100,7 an d'Pensioun.
headphones

68 min

Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller

Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller

"Zwei Seelen wohnen, ach! in meiner Brust", d'Zitat aus dem Goethe sengem "Faust" passt gutt op den Invité.
headphones

58 min

Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist

Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist

Dee franséische Fotograf an engagéierte Klimaaktivist ass Invité.
headphones

56 min

Yvette Gastauer-Claire: "Ech wollt Schräiner ginn"

Yvette Gastauer-Claire: "Ech wollt Schräiner ginn"

D'Artistin ass d'Inivtée beim Jean Claude Majerus bei "Sot emol"
headphones

72 min

Christiane Kremer: "D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten"

Christiane Kremer: "D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten"

No iwwer 35 Joer Presenz op den RTL-Antennen ass d'Christiane Kremer an d'Pensioun gaangen, ouni awer manner aktiv ze sinn. E Gespréich iwwer e räicht Radiosliewen
headphones

57 min