Dës Woch war de franséische President Emmanuel Macron zesumme mat der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen op Besuch a China. Virum Hannergrond vum Ukrain-Krich hu sech do eng Rei delikat Froe gestallt. Ëmmerhi gëllt de Xi Jinping als Frënd vum Wladimir Putin. D'Relatioun tëschent der EU a China ass doriwwer eraus keng einfach, well Europa an enger wirtschaftlecher Ofhängegkeet ass.
De Sandro Calderon vun der belscher RTBF analyséiert déi rezent Visitt zu Peking.