Sot emol
Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill
68 min

Déi jonk Lëtzebuerger Actrice Jil Devresse gouf duerch hir Duebelroll vun den Zwillingsschwësteren an der éischter Staffel vum Lëtzebuerger Krimi "Capitani" beim grousse Public bekannt. Mee am Fong kann d'Jil Devresse net esou richteg soen, wou hir Passioun fir d'Schauspillerei ugefaangen huet. Si ass en éischter ongewinnte Wee gaangen. Si huet als Kand keen Theater gespillt, a si war och net am Conservatoire fir Coursen ze huelen. D'Jil Devresse hat ëmmer Interessi um Theater an am Lycée Ermesinde zu Miersch, wou et ganz vill Aktivitéite gouf, huet si sech dunn op septième an den Theater ageschriwwen. An ass och bis op Première beim Theater bliwwen.
D'Jil Devresse ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus.
episoden

Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"
D'Pianistin a Museksenseignante vu Bernkastel ass Invitée.

Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"
De jonke Lëtzebuerger professionellen Acteur ass den Invité.

Jérôme Konen: Mat 27 Joer gouf hien Direkter
Zanter 2015 ass den Invité schonn Direkter vum Centre Culturel Kinneksbond zu Mamer, deem regionale Kulturzenter .

Guy Engels: Et war eng schéin Zäit
De Guy Engels geet no 18 Joer als Responsabelen vun der klassescher Museksredaktioun vum radio 100,7 an d'Pensioun.

Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller
"Zwei Seelen wohnen, ach! in meiner Brust", d'Zitat aus dem Goethe sengem "Faust" passt gutt op den Invité.

Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist
Dee franséische Fotograf an engagéierte Klimaaktivist ass Invité.

Yvette Gastauer-Claire: "Ech wollt Schräiner ginn"
D'Artistin ass d'Inivtée beim Jean Claude Majerus bei "Sot emol"
