Gespréicher féieren: Dat ass de But vun der Ausbildung fir Senioren, am Kader vum Projet Sharing Stories, Sharing Life.
All Ballast gëtt sech vun der Séil geschwat: et geet drëms Ales opzeschaffen, fir nei Kraaft ze tanken. Ressourcë stäerken, sech selwer net opginn. E Moment wou just nogelauschtert gëtt mam Zil, fir positiv Experienzen aus der Vergaangenheet erëm opliewen ze loossen. Dat bewierkt vill Positives beim eelere Mënsch. En EU Projet, un deem nieft Lëtzebuerg och nach Länner wéi Holland, Éisträich an England, bedeelegt sinn. Hei am Land leeft aktuell e Pilotprojet am CIPA Servior "Beim Klouschter" um Houwald.
Gesicht gi benevole Senioren déi sech där Ausbildung uschléisse wëllen. Detailer huet den Alain Brever, Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter.