D'Elsy Jacobs Gebuer ass de 4. Mäerz 1933 gebuer, si war an hirer Jugend vill mat hire Bridder um Vëlo ënnerwee, huet awer deemools nach zu Lëtzebuerg keng Courssen dierfe fueren, well dat net erlaabt war. Esou goung si an d'Belsch an a Frankräich Coursse fueren. 1958 gouf si bei der éischter WM fir Damme Weltmeeschterin. Am selwechte Joer brécht si zu Mailand de Stonneweltrekord fir Dammen. Vun 1959 bis 1974 war d'Elsy Jacobs all Joer Lëtzebuerger Meeschterin. 1974 kritt si sech mat der Federatioun an d'Hoer, geet op Paräis an hëlt déi franséisch Nationalitéit un. Si stierft de 27. Februar 1988, e puer Deeg virun hirem 65. Gebuertsdag.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 90 Joer koum d'Elsy Jacobs op d'Welt
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min