arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ Liewensmëttel-Neophobie bei Kanner

Liewensmëttel-Neophobie bei Kanner

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

8 min

Tëschent sechs Méint an zwee Joer sinn Puppelcher besonnesch oppe fir Neies ze entdecken, wat de Geschmaach ugeet, duerno awer kennt eng Phas, wou vill nei Liewensmëttele kennen ofgeleent ginn. Dohannert stécht dacks eng Zort Angscht virun Neiem, dat och Neophobie genannt, déi d'Evolutioun eis an d'Wéi geluecht huet. Dobäi kennt och, datt de Besoin vun Autonomie a Sécherheet nach dozou féiere kann, datt bis dohinner akzeptéiert Liewensmëttelen ënner enger anerer Form ofgeleent ginn.


"D'Phas, wou Kanner eng méi grouss Geschmaachs- an Gerochsempfindlechkeet opweisen, kann tëschent zwee an aacht Joer sinn",


seet de Laurent Baulesch vun der Ecole du Goût, mat Erklärungen a praktesche Rotschléi, wéi een déi Phas méi relax a mat Gedold duerchliewe kann.


Recommandatioun vum Laurent Baulesch:


Wat een net maache soll:


Verschidden Ausdréck, déi ze vill Luef, Drock, Zwang, oder Scholdgefiller beim Kand kënnen ausléisen, sinn ze vermeiden wéi z. B. "Super, datt s du alles giess hues", "Iess däi Geméis, dëst ass gesond an nëmmen domat gëss du grouss a staark" oder "Dessert gëtt et just, wann s du alles vum Teller giess hues".


Bléift konsequent: Kacht och net nëmmen dat, wat äert Kand sech wënscht: Dir decidéiert iwwer de Menü a setzt de Kader, Dir kënnt him awer de Choix loossen, z. B tëschent Mëllech a Jughurt, gebrode Gromperen oder Püree.


Am Spille léieren:


Stellt véier bis sechs bekannte Liewensmëttelen, déi äert Kand gutt kennt op den Dësch, loosst Äert Kand se mat all de Sënner erliewen (upaken, richen, e Stéck knabberen a schmaachen), duerno soll et seng Aen zoumaachen an da verstoppt Dir ee Liewensmëttel mat engem Becher. Loosst Äert Kand roden, wat fir een Liewensmëttel dra verstoppt ass.

Episoden

Daarmgesondheet & de Mikrobiom verstoen | © Bigstock

Daarmgesondheet & de Mikrobiom verstoen

Wéi d’Daarmflora Verdauung, Immunsystem a Wuelbefanne beaflosst – a wat Dir selwer fir Är Gesondheet maache kënnt.
headphones

7 min

play_arrow
Haut ass de Bee Day | © Bigstock

Haut ass de Bee Day

Gesond Ernärung mol aus enger anerer Perspektive gekuckt.
headphones

14 min

play_arrow
Falsch Informatiounen iwwer Ernärung an de Soziale Medien | © Bigstock

Falsch Informatiounen iwwer Ernärung an de Soziale Medien

Wéi bréngen Instagram-Influencer et fäerdeg fir falsch Informatiounen iwwer Ernärung ze verbreeden?
headphones

12 min

play_arrow
Fréijoersmiddegkeet: D'Sonn ass do, an d’Energie fort - wat leeft falsch? | © Bigstock

Fréijoersmiddegkeet: D'Sonn ass do, an d’Energie fort - wat leeft falsch?

Firwat mir eis am Fréijoer dacks midd spieren - a wéi Ernärung, Beweegung an Alldagstippen hëllefe kënnen, nees méi Energie ze kréien.
headphones

5 min

play_arrow
Clever Iesse fir e fitte Kapp! | © Bigstock

Clever Iesse fir e fitte Kapp!

Wëssenschaftlech Erkenntnisser weisen, datt eist d'Iessen e groussen Impakt huet op eist Gehier, eis Emotiounen a souguer op méiglech psychesch Erkrankungen.
headphones

10 min

play_arrow
Eng ënnerschätzte Knoll, déi et a sech huet | © Bigstock

Eng ënnerschätzte Knoll, déi et a sech huet

Roll vun der Gromper an der gesonder Ernärung
headphones

11 min

play_arrow
Déifgefruere Liewensmëttel, besser wéi hire Ruff? | © Bigstock

Déifgefruere Liewensmëttel, besser wéi hire Ruff?

Iessen aus dem Tifküler, praktesch am Alldag an e Schlëssel fir manner Liewensmëttelverschwendung
headphones

7 min

play_arrow
Gesondheetswëssen - a wat domat geschitt | © Bigstock

Gesondheetswëssen - a wat domat geschitt

Informatioune ginn et genuch - mee net alles ass hëllefräich. Wéi fanne mir zouverlässeg Gesondheetsinformatiounen an ëmgoe mir Mythen?
headphones

6 min

play_arrow
Séisswaasserfësch - Eng vergiesse Ressource an eiser Ernärung? | © Bigstock

Séisswaasserfësch - Eng vergiesse Ressource an eiser Ernärung?

Wéi eng Roll spille Séisswaasserfësch an enger gesonder Ernärung a wat ass den Ënnerscheed zu de Mieresfësch?
headphones

12 min

play_arrow
Gesond al ginn | © Bigstock

Gesond al ginn

Wat kann ee maache fir gesond al ze ginn a méiglechst laang gutt ze liewen? Mir beschwätzen d’Resultater aus der Fuerschung am Beräich Ernärung a Sport.
headphones

12 min

play_arrow
Zoppen, e gesonde Comfort food fir all Alter | © Bigstock

Zoppen, e gesonde Comfort food fir all Alter

Zoppe si beléift a sinn eng Opwäertung vun eisem Iessen. An dat net nëmmen am Wanter.
headphones

9 min

play_arrow
Wéi d'Ernärung eis Stëmmung beaflosst | © monkeybusinessimages / Bigstock

Wéi d'Ernärung eis Stëmmung beaflosst

Wéi beaflosse Bluttzocker, Daarmgesondheet a Stresshormoner eis Stëmmung? E Bléck op wëssenschaftlech Zesummenhäng a praktesch Ernärungstippe fir méi mental Stabilitéit am Alldag
headphones

7 min

play_arrow
Le Laboratoire d’analyses sensorielles de l’EHTL | © astropix / Bigstock

Le Laboratoire d’analyses sensorielles de l’EHTL

Un laboratoire dédié à l’analyse sensorielle, à la formation et aux services professionnels pour évaluer scientifiquement la qualité des aliments.
headphones

9 min

play_arrow
E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag | © Chinnapong

E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag

An enger Zäit vum Iwwerfloss: Wat Faaschten haut bedeite kann - manner Reizer, méi Rhythmus an e bewossten Ëmgang mat Iessen.
headphones

8 min

play_arrow
Iessstéierungen | © digitalista / Bigstock

Iessstéierungen

Anorexie, Boulimie an d’Binge-eating-Stéierung ginn tehamtiséiert.
headphones

14 min

play_arrow
Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken | © Brebca

Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken

Faarwen, Musek a Beliichtung beaflossen '‘Stëmmung, den Appetit an de Genoss - a weisen, firwat genossvollt Iesse méi gesond a méi zefriddestellend ass.
headphones

9 min

play_arrow
Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach | © Marika Kosheleva

Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach

Wéi wierke Batterstoffer aus de Liewensmëttel op eis Gesondheet ?
headphones

11 min

play_arrow
D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

Kann ee mat gesondem Iessen dem Houscht a Schnapp entgéint wierken?
headphones

10 min

play_arrow
Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Mir huelen d‘Wuerzelgeméis ënner d’Lupp an entdecken, wéi eng wäertvoll Inhaltsstoffer et enthält.
headphones

12 min

play_arrow
Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaaschten ass en Trend - mee wat ass wëssenschaftlech beluecht? Eng komplett Aschätzung zu Notzen, Mythen, Fraen a laangfristeger Gesondheet
headphones

7 min

play_arrow