Datt d'Liewensmëttele bei eis an der Lescht ëmmer méi deier goufen, huet och mat den héije Präisser fir Düngemëttelen ze dinn.
D'Europaparlament mécht dës Woch een Appell un d'Europäesch Kommissioun, d'Baueren hei méi staark ze ënnerstëtzen. Bréissel huet eng Partie Mesurë proposéiert. Déi ginn deenen engen net wäit genuch, deenen anere gi se an déi falsch Richtung.
D'Danièle Weber huet déi Debatt zu Stroossbuerg fir eis suivéiert.