Bewosst Gesond
Benevol als Dieteticienne - am Déngscht vun de Kanner a Südafrika
7 min
Lambano ass e Kannerhospiz a Südafrika mam Zill Kanner mat enger schwéierer Erkrankung eng holistesch Prise en charge ze bidden. Et geet awer och drëms de Famille wäertvoll Rotschléi mat op de Wee ze gi fir doheem, wéi si iwwer d'Iessen z. B. de Kanner, déi schwéier krank sinn d'Situatioun erliichteren an/oder verbessere kënnen, an dat ass en Challenge.
Genee dës Charge huet d'Dieteticienne Stéphanie Rosquin, déi ee Mount e Benevolat am Lambano Hospiz mécht:
"Liewen am Township ass onberechenbar: Mangel u Geld, Iessen, jo, d'Moyene maachen d'Aarbecht schwéier. D'Team vu Lambano mécht awer alles, wat méiglech ass fir de Kanner an de Famillen déi schwéier Zäite méi einfach a faarweg ze maachen".