Dagdeeglech
Eng Visitt am Biodiversum zu Rëmerschen - 2/2
4 min
Bannen am Gebai kann een déi ganz Informatioune vun den einheimeschen Déieren, Insekten, Amphibien an der grousser Vilfalt u Planzen entdecken, déi an deem Gebitt doheem sinn oder do wuessen, a ronderëm d'Gebai kann ee seng "Séil baumele" loossen. D'Naturschutzgebitt bitt Weeër an Ecker, wou ee wonnerbar spadséieren an/oder einfach nëmme raschte kann.
D'Angie Maquil huet sech vun der Kerstin Rose, déi fir déi pedagogesch Projeten am Centre nature et forêt Biodiversum Camille Gira, zoustänneg ass, duerch den Holzbau féiere gelooss, dee matten am Naturschutzgebitt Haff Réimech zu Rëmerschen integréiert ass.
https://environnement.public.lu/fr/natur-erliewen/centres-d_accueil/biodiversum.html