Bewosst Gesond
Ernärungs-Identitéiten am aktuelle Kontext
11 min
Ob vegan, vegetaresch, Slow-food oder Paleo-Diät, de Mënsch decidéiert haut dacks ganz bewosst, wat en ësst an awer och, a wéi enger Form hie säin Iessen zou sech hëlt. Dëst kann esouguer bedeiten, datt verschidden Iesswuere guer net op den Dësch solle kommen, wéi zum Beispill Fleesch oder Mëllech-Produkter.
Déi sougenannten Ernärungs-Determinanten an eiser Gesellschaft: De moderne Mënsch versicht ëmmer méi sech duerch d'Iessen ze definéieren a seng Identitéit ze projezéieren.
Mee wéiwäit sinn et wierklech seng eegen Entscheedungen? Wéiwäit ginn dem Mënsch seng Iessgewunnechten vun externen Aflëss bestëmmt? Doriwwer diskutéiere mir mam Ernärungsberoder Sven Majerus.