De Biodiversum, dee wonnerschéi geleeën ass matten am Naturschutzgebitt Haff Réimech zu Rëmerschen, proposéiert nach bis den 24. Februar 2023 d'Bicherwoch(en)
D'Kerstin Rose, déi fir déi pedagogesch Projeten am Centre nature et forêt Biodiversum Camille Gira zoustänneg ass, erkläert de Programm, dee fir eng éischte Kéier méi laang a méi international opgestallt ass, an et si Päiperleken derbäi komm.