Bei der Kaffismaschinn
Creatures On Mars
25 min
2018 hunn sech véier Kärelen zesumme gesat an déi Lëtzebuergesch Rock Formatioun Creatures On Mars gegrënnt. Du koum d'Covid Pandemie an se hätten sech de Virus am léifsten op de roude Planéit gewënscht. Allerdéngs sinn d'Bengelen net bei d'Tromm geheit gi mee et ass fläisseg viru geschriwwe ginn. De 25te Februar feieren se EP-Release am Gudde Wëllen. Éier déi fënnef Stécker nach intensiv geprouft musse ginn huet de Gittarist a Keyboarder Nik Benoit en Ëmwee bei d'Kaffismaschinn gemaach a verréit dem Philippe Hansen wat alles hannert Creatures On Mars stécht.