Dauer: 15 Minutten
Fir d'Zalot brauche mir:
25 g Mandelen
Ronn 200 g wäisse Kabes
1 rout Zwiwwel
2 Muerten
1 Apel (am beschten ee séissen Apel)
E puer Blieder frësche Péiterséileg
Fir den Dressing brauche mir:
De Jus vun enger Limett
Ronn 100 g vegan Mayonnaise
2 Iessläffel Moschter
E bësse schwaarze Peffer
E bësse Cayenne Peffer
Virbereedung:
De Schäffchen op 180 Grad Celsius virwiermen
D'Mandelen op engem Bakblech ausbreeden a fir 8 Minutte baken
De Kabes, d'Zwiwwel an den Apel a laang an dënn Stécker schneiden
D'Muerte schielen an a laang dënn Stécker rappen
Alles an enger Schossel vermëschen
De Péiterséileg an d'Mandelen a kleng Stécker schneiden an dobäi ginn
Fir den Dressing einfach alles an enger separater Schossel vermëschen, an en duerno bei d'Zalot dobäi mëschen