Bewosst Gesond
Geschmaachsentwécklung bei klenge Kanner
10 min
E klengt Kand, ass ganz sensibel op Stimulatiounen aus sengem Ëmfeld an dowéinst ass bis den Alter vun zwee Joer, en optimalen a spannende Moment fir deem klenge Butz esou vill wéi méiglech verschiddene Geschmaach, verschidden Texturen a Gerécher ze presentéieren. Dat kann och scho wärend der Schwangerschaft ufänken.
Et kann een net fréi genuch ufänken.
"Quantitéit vun den Aromaen an d'Konsistenz vun der Mammemëllech gi vun der Ernärung vun der Mamm beaflosst. De Geschmaach vun der Mammemëllech ka sech och op spéider Virléifte vum Puppelchen auswierken. Z. B. Muertejus wärend dem Niere féiert zu Virléift bei Puppelcher vu Bräi mat Muerte-Geschmaach am Verglach zu Puppelcher, deenen hir Mamm kee Muertejus gedronk huet.",
esou d'Dieteticienne Simone Dégardin. Si gëtt och geziilt Rotschléi fir déi eenzel Altersgruppen, fir de Geschmaach bei de Kanner ze fërderen.
De Geschmaach vum Kand entwéckelt sech nämlech jee no de sensoriellen Erfarungen, déi et wärend senge jonke Jore gemaach huet. Dës Erfarungen, besonnesch wa se mat Pleséier verbonnene ginn, üben ee positiven Impakt net nëmmen op d'Gesondheet vum Kand aus, mee favoriséieren och den Lien tëschent den Elteren an de Kanner.
Quellen:
EUFIC (European Food Information Council) - Food today - Newsletter des europäischen Informationszentrum für Lebensmittel