Bewosst Gesond
Reizdarmsyndrom
6 min
Péng, Völlegefühl, Duerchfall: hanner Verdauungsschwieregkeete kann een Reizdarmsyndrom stiechen. D'Ursaach ass bis elo net eendeiteg gekläert. Fakt ass datt weltwäit 7-15 Prozent vun der Bevëlkerung betraff sinn. Dacks leit Liewensqualitéit vun deenen Betraffenen immens.
Iesse spillt en wichteg Roll am Reizdarm, mee et ass eng multifaktoriell Erkrankung, dat heescht et muss ee méi verschidde Faktoren ënner d'Lupp huelen. Wichteg ass, datt ee sech individuell beroden léisst, fir net an engem Däiwelskrees ze landen.