An der Moyenne verdénge Fraen ëmmer nach manner wéi Männer. Op europäeschem Niveau läit deen Ecart bei 13 Prozent, a verschiddene Memberlänner sinn et esou guer bis 20 Prozent.
D'EU wëllt dogéint virgoen andeems fir méi Transparenz bei de Paie gesuergt gëtt. Bis elo hu just zéng EU-Länner Mesuren an déi Richtung geholl - bis an dräi Joer muss dat awer an alle 27 Memberlänner de Fall sinn, dat gesäit eng EU-Direktive vir, wéi eis d'Agathe Cherki explizéiert.