Radioen

On air

Spektrum  |  Radiohead - Burn The Witch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Déjà Vu

100komma7.lu / Déjà Vu

/ The Byrds - The Notorious Byrd Brothers (1968)

The Byrds - The Notorious Byrd Brothers (1968)

headphones

13 min

Lauschteren play_arrow

Mat "The Notorious Byrd Brothers" erreecht déi kalifornesch Rockband 1968 de musikaleschen Héichpunkt vun hirer Karriär, nëmme fir sech duerno an aner Projeten opzeléisen a sech nei ze configuréieren. Trotz heftege Streidereien tëschent de Bandmemberen huet dësen Album déi duussten a lëftegst Lidder, déi d'Byrds jee wäerten erausbréngen. En ass vun der Produktioun hier deen Éischten op der Héicht vun der Band hiren Iddien. Tëschent Traditioun a Futurismus bidden dës eelef Tracks eng faszinéierend Mëschung tëschent Folk, Rock, Country, psychedeeleschen Elementer an Jazz.

De Marc Clement huet fir eis an dës genee 55 Joer al Plack eragelauschtert.

Musek

Episoden

Karen Dalton - In My Own Time

Eng eenzegarteg réi Stëmm déi Januar 71 hirt zweet a lescht Wierk verëffentlecht huet
headphones

10 min

play_arrow

Hunky Dory - David Bowie

Dem Englänner säi véierte Studioalbum kënnt am Dezember 1971 eraus, sechs Méint virun der Sortie vum Kultwierk ronderëm de "Ziggy Stardust".

Patty Smith - Horses

Den Debut vun der amerikanescher Sängerin ass en eegewëllegt Wierk, produzéiert vum John Cale.

The Mamas & the Papas

"If You Can Believe Your Ears And Eyes": den Debutalbum vun der amerikanesch-kanadescher Band bréngt am Februar '66 Summer a Sonn an d'Charts.

The Velvet Underground - Loaded

"Loaded" vun 1970 gëtt haut als Transitioun op dem Lou Reed seng Solocarrière wouergeholl, mee bleift eng vun deene grousse 4 Placke vun der Band.

Happy Mondays - Pills 'n'n Thrills and Bellyaches

1990 huet d'Fusioun vun Avid House an Alternative Rock um drëtten Album vun der Fomratioun vu Manchester hiren Héichpunkt fonnt.

Joni Mitchell - The Hissing of Summer Lawns

Der kanadescher Folk Sängerin hire 75er Album leet hir experimentell Phase lues awer sécher an.

George Harrison - All Things Must Pass

Dem ex-Beatle säin dräifache Solo-Album feiert dëser Deeg säi 50. Gebuertsdag

Free - Fire and Water

Der brittescher Blues-Rock Formatioun hiert Meeschterwierk vun 1970
headphones

13 min

play_arrow

R.I.P. 2020

Op Allerhellegen erënnere mir u Musekerinnen a Museker, déi 2020 gestuerwe sinn.

Smashing Pumpkins - Mellon Collie and the Infinite Sadness

Deen 28-Song staarke Coup, deen d'Smashing Pumpkins, eng Alternativ-Rock Band vu Chicago, 1995 an d'Welt geschoss hunn, war preparéiert.

Nick Drake - Bryter Layter

Elegante Songwriting aus dem Joer 1970, deen zweete Release vum jonken Englänner Nick Drake

Elton John - Tumbleweed Connection

Dem Elton John säin Americana Konzeptwierk vun 1970 kuckt mat vill Epik op déi aner Säit vum Atlantik.

Talking Heads - Remain In Light (1980)

Mat Underground Hits wéi "Psycho Killer" hate sech di New Yorker Band Talking Heads als Art-Punk Band en Numm gemaach. 1980 Huelen si an engem Studio op de Bahamas hir 4. Studioplack op. Als

Radiohead - Kid A (2000)

Radiohead hire 4. Studioalbum Kid A huet de Stil vun der Band scheinbar radikal op d'Kopp geheit.

Tim Hardin - Tim Hardin 1

Dem tragesche Singer-Songwriter säi 66er Debut enthält sëllech kleng Pärelen

Curtis Mayfield - Curtis (1970)

Engem vun deenen éischten onofhängege Singer-Songwriter an der Soulmusek säi Solo-Debut 1970 weist hien als sozialkritesche Kommentator aus.

Every Picture Tells A Story - Rod Stewart

Den drëtten Album vum Englänner mat senger Band 'The Faces' aus dem Joer 1971

Every Picture Tells A Story - Rod Stewart

Den drëtten Album vum Englänner mat senger Band 'The Faces' aus dem Joer 1971

Lou Reed & John Cale - Songs For Drella

Zwee stur Käpp sprangen iwwert hire Schiet an éieren hire verstuerwene Kolleg Andy Warhol