Speziell an den USA gëtt een duerch dësen Album op den David Bowie opmierksam, och wann d'Verkafszuelen nach bescheide bleiwen. Wéi e gutt halleft Joer duerno de "Ziggy" erauskënnt a weltwäit Erfolleg huet, geheit dem Bowie säi Label RCA och "Hunky Dory" nach emol op de Maart, fir ë. a. d'Vilsäitegkeet vum Museker ënner Beweis ze stellen.
Presentéiert vum Fred Medernach.