Dagdeeglech
De veganen Tipp mam Marie: Eng Bûche fir d'Feierdeeg
3 min
Dauer: 3 Stonnen
Fir d'Bûche brauche mir:
200 g Miel (Typ 55)
1 Zoppeläffel Kakao Pudder
½ Kaffisläffel Bicarbonate de soude
½ Kaffisläffel Xantan Gummi
115 g dënnen Zocker
75 g vegan Margarine
250 ml vegan Mëllech
2 Kaffisläffel Vanill Extrakt
Fir d'Fëllung brauche mir:
Ronn 250 ml vegan Schlagsahn
Fir d'Schockela Ganache brauche mir:
Schockela
Mëllech
Virbereedung:
Schäffchen op 180 Grad Celsius opwiermen
Ee Bakblech mat Bakpabeier beleeën
D'Miel, de Kakao Pudder, de Bicarbonate de soude an de Xantham Gummi zesumme mëschen
Den Zocker dobäi mëschen
Déi geschmolte Margarine, Mëllech an de Vanill Extrakt dobäi mixen
D'Mëschung op de Bakpabeier schëdden, an et an allen Ecker gutt verdeelen
Fir 12 Minutte baken
Een anere Bakpabeier oder ee fiicht Kichenduch ausbreeden a mat e bësse Kakao Pudder beleeën,
De glate Kuch fir ronn 10 Minutten ofkille loossen, an dann zesumme mat dem Kichenduch/ Bakpabeier dréinen
Den opgerullte Kuch am Kichenduch/ Bakpabeier fir ronn 90 Minutten esou loossen, fir ofzekillen
De Kuch lues a lues auserneen rullen, dann d'vegan Schlagsahn drop ginn, an de Kuch lues a lues erëm zeréck rullen
Fir d'Schockela Ganache de Schockela a Stécker briechen, an am Bain-Marie zesumme mat der Mëllech schmëlze loossen
De Mix fir ronn 1 Stonn ofkille loossen
Fir ronn eng 1/2 Minutt an de Mixer ginn
D'Ganache an ee Spritzbeutel ginn an a Linnen vertikal iwwert de Kuch verdeelen
E bësse Pudderzocker op de Kuch stréien
Fir Dekoratioun bidde sech frësch Rosmarin Blieder a Bieren gutt un
De Kuch virum Genéissen ronn 1 Stonn am Frigo loossen
Episoden
Virun 91 Joer stierft den Tony Dutreux
Lëtzebuerger Ingenieur a Politiker
Viru 24 Joer stierft d'Micky Bintz-Erpelding
Lëtzebuerger Radio-Speakerin, Sängerin, Schauspillerin a Politikerin
Virun 144 Joer koum d'Marie Speyer op d'Welt
Lëtzebuerger Germanistin a Léierin
Virun 116 Joer koum de Jean-Pierre Büchler op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Agronom
Viru 40 Joer stierft de Victor Bodson
Lëtzebuerger Affekot a Politiker
105. Doudesdag vum Dominique Lang
Lëtzebuerger Moler
Virun 28 Joer ass d‘Ella Fitzgerald gestuerwen.
Eng vun de gréissten Jazz-Sängerinnen aus dem 20. Joerhonnert
Virun 173 Joer koum de Jean-Pierre Knepper op d'Welt
Lëtzebuerger Architekt an Amateur-Historiker
Virun 120 Joer Mëtteleuropäesch Zäit
Den 1. Juni 1904 gouf hei am Land duerch e Gesetz vum 10. Mee déi Mëtteleuropäescher Zäit als Eenheetszäit am ganze Land ageféiert.
Viru 95 Joer stierft den Alphone Rupprecht
Lëtzebuerger Policebeamten, Pilz-Kenner, Historiker an Auteur
65 Joer fir de Ranga Yogeshwar
Lëtzebuerger-Indesche Physiker, Auteur, Redakter an Tëlee-Moderator
157 Joer Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg
Johny Flick
Lëtzebuerger Geowëssenschaftler a Sänger
![© European Union 75 Joer fir de Jean Asselborn | © European Union](/1_Foto/100komma7.lu/106909/image-thumb__106909__base_thumbnail/Jean%20Asselborn_1.5ec4c55c.jpg)