Bewosst Gesond
Kanner méi fir d'Geméis begeeschteren
"Vill Eltere verzweiwelen, well hir Kanner net frou si mat Geméis. Villes hänkt awer och schonn drun, wéi mir Erwuessener hinne Geméis proposéieren. Soulaang mir de Schockela als eppes Besonnesches duerstellen, wat ee just kritt, wann een dat béist Geméis giess huet, wäerte Kanner Geméis net gären hunn. Keen Drock maachen, mee ëmmer erëm ubidden.
Kanner sinn intuitiv Éisser. Si hu gäre Liewensmëttel, déi hinnen Energie bréngen; dat heescht zum Beispill a Kombinatioun mat Fett. Vitaminnen a Mineralien interesséiere si net. Kombinéiert Geméis mat engem Dip oder mat enger Sauce an eppes, wat Kanner gär hunn, an et ass scho méi einfach".
seet d'Dieteticiene Stéphanie Rosquin.