Bewosst Gesond
Kaloriefalen iwwer d'Feierdeeg ëmgoen
9 min
Et kann een och gesond a liicht iessen iwwer d'Feierdeeg, ouni op eppes ze verzichten. Manner ass méi an et dierf och mol méi liicht sinn. Raclette, Fondue, schwéiert a vill Iessen, vill Séisses: déi nächst Deeg kommen d'Kalorien nëmmen esou geflunn.
De Problem ass net d'Feierdagsiesse selwer, mee Quantitéit an dat, wat mir dertëschent Iessen. Op Chrëschtdag, Silvester oder Neijoerschdag, all dës Deeg mussen eis awer, wat d'Iessen ugeet, net onbedéngt komplett aus der Bunn geheien. Wéi een op seng Gesondheet kann oppassen ouni awer mussen ze verzichten, gitt Dir gewuer vum Ernärungsberoder Sven Majerus.
Zum Schluss kritt Dir nach e puer einfach Tippe mat op de Wee, déi Iech hëllefen e gudde Mëttelwee ze fannen, tëschent Genoss a bewosst am Kontext vu Kachen an Iessen iwwer d'Feierdeeg