Aktuelles
ASTI: ze wéineg Opmierksamkeet fir Leit ouni Pabeieren
4 min
Zu Lëtzebuerg gi Leit ouni Pabeieren nach ëmmer ze dacks am Stach gelooss. Dee Constat mécht d'ASTI. Dobäi misst ee sech bewosst sinn, datt déi betraffe Leit dacks de Wëllen hätten, déi néideg Pabeieren all ze kréien, mee si géingen an administrativen Demarchë stiechen. Dat géing mat sech bréngen, datt déi betraffe Leit dacks "invisibel" wieren, esou d'ASTI. Dat wier virun allem wärend der Covid-Pademie kloer ginn. D'ASTI fuerdert dofir, datt eng Demarche de régularisation fir déi betraffe Leit ageféiert an d'Immigratiounsgesetz och adaptéiert gëtt. Et feelt allerdéngs u politeschem Courage. De Jo Diseviscourt informéiert.