arrow_back_ios
Aktuelles
"All Eltere wëllen dat Bescht fir hir Kanner"
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
An der sechster a leschter Episod vun der 100,7-Podcast-Serie "Schlechte Schüler" geet et ëm sozial Inegalitéiten an eisem Schoulsystem. D'Pia Oppel hëlt Iech dofir mat an de Garer Quartier an der Stad, wou d'Fusioun vun zwee Schoulgebaier gescheitert ass - wéinst dem Widderstand vun Elteren aus deem méi schicken Deel vum Quartier. Dorënner den Elterevertrieder Jean-Marc Cloos. Hie wëllt, datt seng Kanner an d'Welter-Schoul ginn, an net an d'Schoul an der Rue du Commerce: