Bewosst Gesond
Iessen, mat enger extra Portioun Genoss
5 min
"Iessen ass e Bedürfnis, Genéissen ass eng Konscht" (François VI. de La Rochefoucault)
"Hautdesdaags bleift dacks net méi vill Zäit fir Genoss. Mueres gëtt séier e Kaffie gedronk, éier een aus dem Haus geet, mëttes séier e Bréitchen an owes dann dacks nach ee Fäerdegmenü gewiermt.
Elo an der Chrëschtzäit, wou vill Freed an Emotiounen am Spill sinn, ass grad e flotte Moment fir säi Liewen ze entschleunegen a sech besonnesch beim Iessen nees vill méi op seng fënnef Sënner ze konzentréieren a ganz bewosst ze entdecken, datt Emotiounen an Iessverhale ganz enk matenee verbonnen sinn,"
seet d'Dieteticienne Simone Dégardin aus der Ecole du Gôut.
Rotschléi vum Simone:
Sech Zäit beim Iessen huelen
D'Iesse schéin an appetitlech um Teller presentéieren
Den Dësch schéin decken, net nëmmen, wa Besuch kënnt, mee och am Alldag
Eng entspaanten an agreabel Ambiance beim Iesse gestalten.
Kanner mat abanne vum Akafen bis zur Preparatioun,
Eltere sollen e Virbild fir Kanner sinn a mat hinnen zesummen en neit Liewensmëttel schmaachen