Magasinn
Guy Geimer: Den Theater ass säi Liewen
3 min
An engem däitsche Lidd heescht et "Alles ist nur Theater. Und ist doch auch Wirklichkeit. Theater - das Tor zur Phantasie." a genee dat ass e Stéck vum Guy Geimer sengem Liewen. Ouni Theater kéint hien sech d'Liewen net virstellen. De Guy Geimer huet als Acteur, Regisseur an Auteur den Theater a senge verschiddenste Facette kennegeléiert, vun der sou ze soen "normaler" Theatervirstellung, iwwer Cabaret bis bei de Fräiliichttheater. Den Theater huet vill vun him verlaangt, him awer och vill ginn. De Guy Geimer ass Invité an der aktueller Episod vun der Emissioun Sot emol an huet dem Jean Claude Majerus erzielt datt seng éischt grouss Passioun eng aner war.