Europa Aktuell
Kee Schi ouni Schnéi
4 min
De Schisport an de Wantertourismus an den Alpen fänken un d'Konsequenze vum Klimawandel ze spieren. Ee markant Beispill dofir ass de Schi-Weltcup, deen Enn Oktober ugefaangen huet. Et feelt einfach u Schnéi. D'Temperature waren ze héich. Vun den 8 éischte Courssen an den Alpen hunn der misste 7 ofgesot ginn. Ausfäll wéi an dësem Joer wäerte méi dacks virkommen, wann sech um Kalenner näischt ännert, mengt de Meteorolog Nikolas Zimmermann. Vum Klimawandel an den Alpen wäert awer net just de Sport mee och de Wantertourismus allgemeng betraff sinn.