Bewosst Gesond
Séiss Käschten oder Marounen, méi wéi e waarme Snack am Wanter
13 min
"Bei de Chrëschtmaart gehéiert och den typeschen Doft vu geréischterte Käschten, e saisonaalt Liewesmëttel, dat mir aus Südfrankräich, Italien oder Portugal kréien. Fréier waren d'Käschte Grondliewensmëttel an deene Géigenden, an d'Analyse weisen, datt Käschten effektiv eng interessant Zesummesetzung un Närstoffer hunn an a verschidde Liewenssituatioune wäertvolle Bestanddeel vun enger gesonder Ernärung kënne sinn.
Duerch hire feinen Aroma gi se haut nach gären a regionale Platen agesat. Doduerch datt se glutefräi sinn, si se dat ganzt Joer iwwer um Menü vu Leit, déi eng Glutenintoleranz hunn.
An der vegetarescher Kiche si se interessant, well d'Eewäiss complementaire ass zu aneren Eewäissquelle wéi Hülsenfrüchte, Mëllechprodukter oder Eeër. Do fënnt een da flott Iddien, wéi ee Käschte kann kombinéieren, mat Lënsen a Kalbass zum Beispill, als Gratin oder an engem Risotto mat Steinpilz, wou all d'Aromastoffer subtil harmonéieren."
Informatioune mat der Ernärungsberoderin Lis Muller
Références
Gaudry F.-R. (2020). On va déguster l'Italie . Marabout.
https://www.aprifel.com/fr/fiche-nutritionnelle/marron-chataigne/?tab=allegations_nutritionnelles. (s.d.). Récupéré sur https://www.aprifel.com.
https://www.bzfe.de/service/news/aktuelle-meldungen/news-archiv/meldungen-2021/dezemer/maronen-und-kastanien/. (2021, 12). Récupéré sur https://www.bzfe.de/.
https://www.valpibio.com/au-quotidien/les-farines-sans-gluten/farine-de-chataigne/. (s.d.). Récupéré sur www.valpibio.com.
Vierich T., V. T. (2020). Aroma essenziell. STiftung Warentest.
Zenter fir d'Letzebuerger Sprooch. (2021). Vun Dréischel bis Kréischel 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss. ZLS a SCRIPT.