Magasinn
D'Musek an den Hues Cäsar
3 min
D'Musek an den Hues dominéieren dem Ritchie Rischard säi Liewen. Den Invité an der aktueller Episod vun der Emissioun "Sot emol" ass zanter senger Kandheet vun der Musek ugezunn, d'Musek gehéiert zanter ëmmer zu sengem Liewen. De Brudder war e Beatles-Fan vun der éischter Stonn, an de Ritchie Rischard huet d'Musek am Fong mat an d'Wéi geluecht. Dernieft war e plüschen Hues deen hien Cäsar genannt huet d'Inspiratioun fir Bicher ze schreiwen. Wéi et zu deem plüschen Hues koum huet de Ritchie Rischard dem Jean Claude Majerus verzielt.