D'Ombudsman Claudia Monti weist op een Neits drop hin, datt et wichteg wier, hir Missioun ze erweideren. Virun zwee Joer hat si eng éischter Kéier gefuerdert, an hirer Roll als Contrôleur externe vun zouenen Anstalten och Alters- a Fleegeheemer kënnen an hiren Aufgabeberäich opzehuelen. Bal genee sou laang gëtt et och schonn de Projet de Loi, deen en Ethik-Rot an all Altersheem hei am Land virgesäit. D'Iddi vun Ethik-Réit fënnt d'Claudia Monti gutt, mee dee géing den aktuelle Besoin, deen si dofir hei am Land awer gesäit, net gerecht ginn. Si gesäit am Text nach Sputt, fir den Ombudsman méi anzebezéien. Fir ze verhënneren, datt zum Beispill d'Mëssstänn vum Grupp Orpea och hei an deem neien Altersheem zu Märel geschéien, wéilt si als Ënnerstëtzung, komplementar zu den interne Kontrollinstanzen, consultéiert ginn.
arrow_back_ios
Aktuelles
Claudia Monti zu den Ethik-Réit an Alters- a Fleegeheemer
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
Episoden
Et ass nees esouwäit
Vun e Samsden op e Sonnden gëtt d’Zait nees em eng Stonn zréck geréckelt. D’ Julie Hoffmann war bei d'Leit nofroen wat si vun der Zäitëmstellung halen.
Ënnerwee op der Nuit des Musées
Den 10. Oktober war déi 25. Editioun vun der Nuit des Musées.
Kaffi: Fir vill Leit net ewechzedenken
Fir vill Leit gehéiert de Kaffi zum Alldag. Mee bis en an eiser Taass lant, huet en e laange Wee hannert sech.
Éier d'Schueberfouer d'Dieren opmécht
Laang éier déi éischt Visiteuren iwwert d'Schueberfouer lafen, gëtt um Site scho fläisseg geschafft, datt déi verschidde Spiller an Attraktioune prett a sécher fir den Dag sinn.
Impressioune vun der Journée du Portugal
De 6. Juni war zu Diddeleng d'Journée du Portugal. An dem Kader war och de Portugisesche President AntonioJosé Seguro op der Plaz. Mir hunn e puer Impressiounen agefaangen.