Bewosst Gesond
Vitaminn D suergt fir gesond Schanken, an ass gutt fir d'Gemitt
8 min
15-20 Mikrogramm Vitaminn D pro Dag, gëllt als optimal.
"D' Roll vun der Vitaminn D geet wäit iwwer Gesondheet vun de Knachen eraus: Immunofwier, potentielle Schutz viru verschiddene Kriibszorten, Waff géint depressiv Verstëmmungen a Muskelschwächt."
Mee wat ass drun un deem Vitamin Hype? Wou fënnt een Vitaminn D an der Ernärung, wien soll dat als Zousaz anhuelen?
"Eise Kierper ka Vitaminn D duerch Sonnestralen op der Haut selwer hierstellen. Tëschent Oktober a Mäerz sinn d'Vitaminn D Mangelméint; dat heescht d'Sonn schéngt do net genuch an net staark genuch fir Produktioun ze assuréieren.
Liewensmëttelen, déi Vitaminn D liwwere si rar, deemno bléift eis net vill aneres iwwreg, wéi op Supplementer zeréckzegräifen (wat a wéi vill soll ee mam Dokter ofklären).
Vitaminn D gëtt normalerweis aus Schofswoll erausgeholl. Et gëtt och eng vegan Variant aus Flechten, mee hei ass nach villes iwwer d'Wierkung onkloer, sou datt recommandéiert gëtt déi aner Variant als Supplement ze wielen",
seet d' Dieticienne Stéphanie Rosquin, si ass eis Invitée
Quellen:
Dr. Markus Keller, Edith Gätgen: Sag doch mal Vitamin B12 (Podcast)
Dr. Markus Keller, Edith Gätjen: Vegane Ernährung Schwangerschaft, Stillzeit und Beikost. Ulmer Verlag 2017
Dr. med. Bracht Petra, Prof Dr Leitzmann Claus: Klartext Ernährung. Mosaik Verlag 2020
EFSA
Harvard Health Publishing: Vitamin D ad your health: breaking old rules, raising new hopes
H-K Biesalski, P. Grimm: Atlas de poche de nutrition. Editions Maloine 2001
Ibrahim Elmadfa, Leitzmann Claus: Ernährung des Menschen. Utb Verlag 2019 6. Auflage
Leitzmann Claus, Keller Markus: Vegetarische und vegane Ernährung. Utb Verlag 2020 4. Auflage
Nico Rittenau: Vegan-Klischee ade! Wissenschaftliche Antworten auf kritische Fragen zu pflanzlicher Ernährung. Ventil Verlag 2019