Dauer: 20 Minutten
Fir d'Zopp brauche mir:
1 Zoppeläffel Ueleg (z. B. Olivenueleg)
1 Zwiwwel
2 Knuewelek-Zéiwen
1 Kaffisläffel Ingwer-Pudder
1 Kürbis
ronn 300 ml vegan Crème (z. B. Huefer- oder Sojacrème)
150 ml Bouillon (oder 150 ml Waasser mat e bësse Bouillon-Pudder)
Salz a Peffer
Zoubereedung:
Den Ueleg an engem groussen Dëppen opwiermen
D'gehackten Zwiwwel, Knuewelek an Ingwer dobäi ginn a broden, bis alles mëll ass
De Kürbis kleng schneiden (wa bio, da mat der Schuel) an an d'Dëppen dobäiginn
De Bouillon an d'Crème dobäi mixen
Bei mëttlerer Hetzt fir ronn 10 Minutte kachen
D'Zopp mixen
Eventuell mat Salz a Peffer ofschmaachen
Mat e puer Kürbiskären drop zerwéieren